zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Invité:e vum Dag
News
Luxembourgish
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Website
Episodes
Episodes
50
17 July 2026
Paul Schroeder, Direkter vum CGDIS
De Joresrapport vum CGDIS, dem Corps grand-ducal d’incendie et de secours, ass Theema mat eisem Invité vum Dag.
16 July 2026
Sonja Ugen, Direktesch vum LUCET
Wéi sinn d'Resultater vun der Etüd vum Luxembourg Centre for Educational Testing iwwer de Projet ALPHA ze verstoen? A firwat koum se esou spéit eraus? Dat froe mir d'Direktesch vum Luxembourg Center for Educational Testing.
15 July 2026
Alexandra Oxaceley, Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss
D'Stëmm feiert haut hir 30 Joer. D'Prekaritéit ass an där Zäit net verschwonnen, am Géigendeel. Wéi huet d'Situatioun an de Profil vun de Concernéierte sech verännert?
14 July 2026
Claude Meisch, DP-Edukatiounsminister
Am Virfeld vun der grousser Vakanz schwätze mir iwwer déi gemëschte Kriticken um Projet ALPHA, deen am September uleeft. Déi entspriechend Rapporte goufe gëschter publizéiert.
13 July 2026
Léon Gloden, CSV-Inneminister
Mir schwätzen iwwer de grousse Bedruchsfall a sengem Ministère an iwwer dat neit nationaalt Bautereglement, wat virum Weekend presentéiert gouf.
10 July 2026
Dr. Bernard Thill, Éierepresident vu Médecins du Monde Lëtzebuerg
Aarmut mécht krank, seet d'ONG, a widderhëlt hir Fuerderung no enger Couverture universelle des soins de santé (CUSS) fir Leit ouni CNS-Versécherung.
09 July 2026
Gusty Graas, DP-Deputéierten
Nom NATO-Sommet zu Ankara: Froen un de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.
08 July 2026
Barbara Agostino, DP-Deputéiert
Dierf eng gewielte Politikerin sech fir hir eegen Interessen als Geschäftsfra asetzen? D'Barbara Agostino huet dat gemaach a gouf dofir Partei-intern kritiséiert.
07 July 2026
Elisabeth Margue, Justiz- an delegéiert Medieministesch
De Gesetzesprojet iwwer d'Comparution accélérée gouf op den Instanzewee geschéckt. Et ass e weidere Schrëtt am Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit. Haut ass an der Chamber iwwerdeems de Vott iwwer de Gesetzesprojet iwwer den Informatiounszougang fir Journalisten. De Presserot hat den Text zwar generell begréisst, eenzel Punkten awer kritiséiert.
06 July 2026
Diane Dhur, Presidentin vun Omega 90
D'Associatioun, déi Leit um Enn vun hirem Liewen esouwéi Famille begleet, wëllt d'Aarbecht mat Kanner a Jugendlechen ausbauen. Omega 90 wëllt dofir en Zentrum fir pediatresch Palliativfleeg zu Hamm schafen.